125 JOER
D’Pensionat St Joseph gouf 1883 erbaut. Séier woren dëss Gebeilechkeeten awer ze kleng an dofir gouf 1927 dat jetzegt Gebai erriicht.
An den Ufäng gouf d’Internat an d’Schoul vun engem Geeschtlechen geleet, deen zur gleicher Zeit Direktor war.
Den Haaptgrond firwaat d’Pensionat gegrendt gin ass, wor den enormen Transportproblem vun den Schüler. Freier sin d’Jongen just dreimol am Joer heemgang: Krëschtdag, Ouschteren an fir d’Summervakanz. Seit den 50er Joeren fueren sie awer all Weekend heem.
Bis 1980 gouf d’Internat vun engem Geeschtlechen geleet. Duerno hun Erzéiher dëss Roll iwwerholl.