FRAIZÄIT
Während der Fräizäit kann ee bei Aktivitéite mattmaachen, déi vun den Erzéier ugebuede ginn. Ët ginn awer och Méiglechkeeten, fir sech selwer oder zesumme matt de Kollegen ze beschäftegen - z.Bsp. Ping Ping, Kicker, Billard, Gesellschaftsspiller, Liesen, Fussball spillen, Basket spillen, Video kucken, ... an nach Villes méi.
Di Jugendlech hunn awer och all Dag eng Stonn Ausgang (ausser op 7e).
Eist Ziel ass et, een ofwiesslungsreicht Angebot unzebidden, an dat zu verschiddenen Zäiten. D’Jongen an d’Meedercher kréien doduerch d’Méiglechkeet nei Saachen kennen ze léieren, an nei Erfahrungen ze maachen.
Mä och déi Jugendlech selwer sollen hir Ideeën an Interessen matdeelen, an dat Ganzt an de Fräizäitprogramm matt afléisse loossen.
