ZESUMMEN
Während der ganzer Woch liewen di Jugendlech zesummen mat den Erzéier am Internat. Dobäi huet all Jong oder Meedchen en Tuteur, deen sech besonnesch ëm den Austausch matt den Elteren an de Kontakt matt der Schoul bekëmmert.
Zesummeliewen am Grupp
-> Vu 7e bis 9e schlofen mir op engem Dortoir (4-6 Better).
-> Ab 10e zu 2 an ab 11e an engem Eenzelzëmmer.
-> Mir iessen all zesummen: um 7.30 gëtt et Kaffi; Mëttes iessen mir an eisem Refectoire; tëscht 15.50 a 16.30 gëtt et eng kleng Stärkung; um 18.30 gëtt et Owesiessen.
->
All Dag hu mir Étuden.
->
An der Fräizäit ginn Aktivitéiten ugebueden.
-> Mir hunn all Dag eng Stonn Ausgang (ausser op 7e).
Duerch dëst alldeeglecht Zesummenliewen léiert de Jugendlechen wat et heescht an enger Gemeinschaft ze liewen, wou gewësse Regelen a Ritualer den Dagesoflaf bestëmmen. Si léiren hir eege Bedürfnisser hannen unzestellen an aner Meenungen z’akzeptéiren.
Respekt, Toleranz ee vis à vis vun deem aneren, Hëllëfsbereetschaft a Solidaritéit ginn dobäi ganz grouss geschriwwen.
